Beruflich Dokumente
Kultur Dokumente
NEWS
Redaktioun Siège
Nummer 11 / Oktober 2018
Swagata Home Well Sai
GRUPP WELL SAI
Branchen
Inhalt
Editorial S.3
Assemblée Générale Ordinaire S.4
De Kleeschen kënnt op Steesel S.5
Chrëschtcamp 2018 (Beaver a Wëllefcher) S.6
Chrëschtcamp 2018 (Scouten) S.7
Liste du matériel “Wanter” S.8
Vermëssten Géigestänn a Kleeder S.9
Wanter Hike S.10
2
GRUPP WELL SAI
Editorial
Moie léiwe Member,
Ech freeë mech, dir eis nei Newsletter unzekënnegen.
Ier ech op d’Highlighte vun dëser Editioun aginn, wollt ech emol kuerz zesumme
faassen, wat bis elo sou bei de Wëlle Sai gelaf ass.
Ugefaangen huet eist Scoutsjoer mat eiser Porte-Ouverte, wou mir vill nei Membere
kruten. Op dëser Plaz soen ech hinnen nach emol : Häerzlech wëllkomm an de Wëlle
Sai !
Weider goung et déi Woch drop mat eiser éischter Versammlung fir dëst Joer ier mir
dann op eng bësse méi extra Montée gaange sinn. Mir soen nach emol der FNEL Merci,
speziell de Commissaires au Programme an der Ekipp « Activités temporaires en
hauteur », déi des flott Aktivitéit begleet hunn.
Eis Eltereversammlung war esou gutt besicht, wéi nach ni. Mir krute wichtege Feedback
vun den Elteren, dee mir an Zukunft an eise Programm afléisse loossen. Eng direkt
Konsequenz ass d’Iwwerschaffe vun eiser Materialslëscht fir de Wanter, déi dir an
dëser Editioun fannt. Ausserdeem ass dës Materialslëscht op eisem Internetsite ze
fannen.
Sämtlech wichteg Dokumenter stinn iech op eisem Site zur Verfügung (Fiche médicale,
Newsletter, Trimesterprogramm, …). Dir fannt eise Site natierlech op
http://www.wellsai.lu/ .
Als klengen Ausbléck fir déi nächst 6 Woche kann ech schonn emol souvill verroden :
Et wäert mat dem selwechte Schwong virugoen, wéi et ugefaangen huet. Ech freeë
mech schonn immens op eis Sortie op de Belval déi nächst Woch. Fir déi Leit, déi nach
net ugemellt sinn, hei nach emol de Link : https://goo.gl/forms/ZHFOQjLQP2VXxrt43
Ordre du jour :
2) Rapport de la secrétaire
3) Rapport du trésorier
8) Divers
Tous ceux qui sont intéressés à participer activement à notre travail en devenant
membre d’un des comités respectifs, sont priés de bien vouloir remettre leur
candidature au président Monsieur Guy Jungblut avant l’Assemblée générale
ordinaire. (wellsai@pt.lu).
4
GRUPP WELL SAI
5
BV/LX
Chrëschtcamp 2018
Lénks Patt,
Är Cheffen.
6
SCOUTEN A GUIDEN
7
GRUPP WELL SAI
8
GRUPP WELL SAI
9
Explorer
Wanterhike 2018
Hallo Explorer!
Hues du Loscht en relaxen Daag mat aaneren Explorer aus dem Land ze
verbréngen an dobäi och nach eist Land e Stéckchen méi wäit kennen ze léieren?
Dann as eisen Wanterhike, den 18. November 2018 genau daat Richtegt fir dech
an deng Unitéit!
• START ? um 08h00 an der Fiels (Larochette) op der Place Bleiche.
• SCHLUSS ? um 18h00 an der Fiels (Larochette) op der Place Bleiche.
• PRAIS? 9€ op de Kapp a gin op der Platz moies bezuelt.
Du brauchs just dem Wieder ugepasste Kleeder, gutt Schong, eng Gamelle an dain
Bidon.
Du kanns eleng oder mat der ganzer Unitéit matgoen.
Umellen muss de dech bis den 4. November 2018 ënnert: explorer@fnel.lu oder
op der Explorerhotline: 691 502 727!
Lénks Patt,
Är Explorer - Ekipp
10