You are on page 1of 15

WËLL SAI

NEWS

Redaktioun Siège
Nummer 13 / Februar 2018
Swagata Home Well Sai

Redaktioun Siège
Nummer 14 / Abrëll 2018
Swagata Home Well Sai
GRUPP WELL SAI

Attention
Nous avons un nouveau numéro de compte pour les transactions
bancaires.
Wëll Sai Steesel
BCEELULL LU49 0019 5155 1434 9000

Inhalt

Editorial S. 3
BV Trimester Programm S. 4
LX Trimester Programm S. 5
SC Trimester Programm S. 6
Fakelzuch S. 7
Sixplo 2019 S. 8
Beaverfunday S. 9
Vëlosortie 2019 S. 10
Kleeder-Sammelaktioun S. 11
Flyer Pow-Wow S. 12
Bréif Pow-Wow S. 13
Eurojam S.14-15

2
GRUPP WELL SAI
Editorial

Léiwe Member,

an eiser neier Newsletter fënns du erëm vill flott Aktivitéiten, déi mir fir dat
drëtt Trimester ubidden. Ausserdeem ass den aktuellen Trimesterprogramm
an dëser Editioun.

Ech wollt nach e puer Wuert zu der Titelfoto verléieren.


Des Foto ass d’läscht Woch um Orientéierungsweekend vun de Scouten geholl
ginn a weist eis Scouten, wéi si de Wee fir op den éischte Posten sichen. Bei de
Scouten, mee och scho bei de Wëllefcher ass d’Orientatioun an d’Navigatioun
mat Kart a Kompass nach ëmmer wichteg, obschonn et vill alternativ
Hëllefsmëttel gëtt (Handy, portabelen GPS-Empfänger,…).

D’Navigatioun als wichtege Bestanddeel vum Scoutsliewen gehéiert zu de


sougenannten Scoutstechniken. Wa mir eng Aktivitéit fir iech plangen, da passe
mir besonnesch op, Scoutstechniken anzebauen. Nieft der Navigatioun ginn et
also eng ganz Partie aner Aktivitéiten, déi een als Scoutstechnik bezeechent.
Dozou gehéieren Feier maachen, Kniet, d’Messer benotzen awer och Lidder
sangen an Sketcher aprouwen.

Net nëmmen d’Scoutsbranche benotzt Scoutstechniken, och scho bei de Beaver


a Wëllefcher brauche mer se. Probéier mol d’Scoutstechniken an ärer nächster
Versammlung ze fannen, ech si mer sécher dass är Cheffen der agebaut hunn.

Pit

3
BEAVER

PROGRAMM 3. TRIMESTER

20. Abrëll 2019 Vakanz

27. Abrëll 2019 /

30. Abrëll 2019 Meekranz

4. Mee 2019 /

11. Mee 2019 Beaverfunday

18. Mee 2019 Versammlung

25. Mee 2019 Vakanz

1. Juni 2019 Vakanz

8. Juni 2019 /

15. Juni 2019 Versammlung

22. Juni 2019 Te Deum

29. Juni 2019 Versammlung

7. Juli 2019 Pow-Wow

14. Juli 2019 Familiendag

4
WËLLEFCHER

PROGRAMM 3. TRIMESTER

20. Abrëll 2019 Vakanz

27. Abrëll 2019 Versammlung

30. Abrëll 2019 Meekranz

5. Mee 2019 Sixplo

11. Mee 2019 /

18. Mee 2019 Versammlung

25. Mee 2019 Vakanz

1. Juni 2019 Vakanz

8. Juni 2019 Versammlung

15. Juni 2019 /

22. Juni 2019 Te Deum

29. Juni 2019 Versammlung

7. Juli 2019 Pow-Wow

14. Juli 2019 Familiendag

5
SCOUTEN A GUIDEN

PROGRAMM 3. TRIMESTER

20. Abrëll 2019 Vakanz

27. Abrëll 2019 Versammlung

30. Abrëll 2019 Meekranz

4. Mee 2019 /

11. Mee 2019 Versammlung

18. Mee 2019 Versammlung

25. Mee 2019 Vakanz

1. Juni 2019 Vakanz

8. Juni 2019 Sortie

15. Juni 2019 /

22. Juni 2019 Te Deum

29. Juni 2019 Versammlung

7. Juli 2019 Pow-Wow

14. Juli 2019 Familiendag

6
GRUPP WELL SAI

Fakelzuch

Geschwënn ass et erëm esou weit.


Dëst Joer wäerte mir och erëm eise Meekranz mat op de Fakelzuch huelen.
RDV ass den 30. Abrëll um 19 Auer beim Fussballterrain (rue de l’Alzette)
Wichteg ze wëssen ass, mir iwwerhuelen d’Responsabilitéit iwwert är Kanner
nëmme wärend dem Fakelzuch.
Mir hoffen, dass dir zu vill op dësen Traditionellen Rendez-Vous kommt!
Lénks Patt
Är Cheffen

7
WËLLEFCHER
Sixplo 2019
Wéini:
05.05.2019
Treffpunkt:
Sonndes um 9 Auer zu
Heeschdref op der Gare

Retour:
Sonndes um 17 Auer 15 zu
Heeschdref op der Gare

Material:
Picknick vir mëttes an dem wieder ugepasste
Kleeder
Präis:
5€:
Suen op folgenden Kont iwwerweisen:
LU49 0019 5155 1434 9000
Mam Kommend: Sixplo 2019 + den Numm
vum Kand
Umeldung:
Bis den 17.04.2019 iwwert
folgende Link: https://forms.gle/7TAABnr5DBXvPH5PA

P.s.: Wéinst technesche Problemer biede mir Iech drëms


är Kanner nach eng Kéier unzemellen weg

Lénks Patt
Är Cheffen

8
BEAVER

Beaverfunday

Moie léif Beaver,

Op dësem Beaver Fun Day den 11. Mee 2019 feiere mir zesumme mam Bibu säi Ge-
buertsdag!
Et wäert eng super grouss Gebuertsdagsparty ginn.

Start: 9 Auer 50 op der Michel Rodange Plaz


Schluss: 17 Auer 10 op der Michel Rodange Plaz
Wat brauch dir? E Bidon mat Waasser an e Picknick fir Mëttes

Umeldung: Bis den 25. Abrëll iwwert folgende Link:


https://forms.gle/NYxVW7Mj6487WnibA

D’Sortie kascht 10 Euro, d’Sue sinn op folgende Konto ze iwwerweisen:


BCEELULL LU49 0019 5155 1434 9000 mam Komment „Numm a Virnumm vum Kand
+ BFD “

Lénks Patt,

Är Cheffen

9
SCOUTEN A GUIDEN
Vëlosortie

Léif Scouten a Guiden,


Wollt dir schonn ëmmer déi schéinsten Ecker aus eiser Stad Lëtzebuerg
kenneléieren? Jo? Dann kommt mat op d’Velosortie den 8. Juni am Thema
Geheimschrëften a léiert, déi eelsten a flottsten Codë kennen fir Noriichten ze
entschlësselen. De RDV ass um 10h op der Michel Rodange Plaz. De Retour ass um
16h10 op der Heeschdrefer Gare.

Wat braucht dir?


-E Vëlo
-En Helm
-Klenge Rucksak
-E Bidon mat Waasser
-De Foulard
-Ärt Scoutsbichelchen
-Dem Wieder ugepasste Kleeder
-A gutt Laun

D’Sortie kascht 5 Euro, ze iwwerweisen op: LU49 0019 5155 1434 9000
Mellt iech un iwwert folgende Link:
https://forms.gle/ushYTAmjWdZRm7FS7

Lénks Patt

Är Cheffen

10
GRUPP WELL SAI

Kleeder-Sammelaktioun

Hudd dir nach Wëll Sai T-Shirten oder Pulloveren aus deenen är
Kanner schonn eraus gewuess sinn?
Dann kënn dir ons déi gären zeréck ginn a mir verkafen se dann second hand erëm
weider.
Dir kënnt är al Kleeder zu regulären Versammlungzäiten am Chalet bei engem Chef
ofginn.
Wichteg ass, dass mir nëmme Wëll Sai Kleedung entgéint huelen.
Lénks Patt
Är Cheffen

11
12
GRUPP WELL SAI

Pow-Wow FNEL zu Munneref (Mondorf)


Dëst Joer ass de FNEL’s Pow-Wow, wou sech d’Scouten aus allen FNEL’s Gruppen aus
dem Land treffen, bei de Munnerefer Mais zu Munneref (Mondorf), déi dëst Joer
hieren 10-järegen Jubiläum feieren. Bei daer Gelegenheet kréien si och hiert neit
Home um Site “Badboeschelchen”.
Thema vun dësem Joer ass wéi et am Titel ze liesen ass Power, also alles ronderëm
Energie. Reservéiert iech elo schons de 7ten Juli 2019 fir des mega Aventure mat
coolen Aktivitéiten.

Wéini an wou: den 7. Juli 2019


Rdv Départ: 8:10 Auer zu Steesel op der Place Michel Rodange
Rdv Schluss: 17:50 Auer zu Steesel op der Place Michel Rodange

Präis: 6€ z’iwwerweisen bis spéistens den 31. Mee 2019 op de Kont


LU49 0019 5155 1434 9000 (Well Sai Steinsel) mat der Mentioun „Pow-
Wow 2019 +„Numm vum Kand“.
D’Iwwerweisung gëllt als Umellung.

Material: Tiptop Uniform, Foulard, dem Wierder ugepassten Kleeder,


klenge Rucksak mat Pic-nic, Bidon mat Waasser, Becher, Kap, Sonnecrème (dem
Wëllefchen senge 5 Saachen).
Lénks Patt
Är Cheffen

13
GRUPP WELL SAI

Eurojam 2020

Léif Scouten, Explorer, Rover, Cheffen an och déi mat multipellen Rollen,

Wéi der vielläicht scho matkrut fënnt am Summer 2020 den Eurojamboree no längerer
Paus an Polen zu Gdansk (Danzeg) vum 27 Juli bis de 6 August statt. Dat ass een ee-
molegt Event an eng eemoleg Méiglechkeet Scouten aus ganz Europa (an aus der Welt)
kennenzeléieren. International Campe wéi dëse si mat dat flotstend an dem Scoutis-
mus an déi Frëndschaften déi een do schléisst si méi staark wéi all Grenzen. An dës nei
Frënn begéingt een ëmmer erëm op aneren Campen Also loosst et iech net entgoen.

Et ass nach laang am viraus mee et muss een sech bis de 15. Juli 2019 ugemellt hunn.
Dobäi ginn et 3 Haaptméiglechkeeten matzegoen:

Als Participant: Wann's du wärend dem Jamboree zwëschend 14 an 18 Joer al bass, dat
heescht wann s du tëschent dem 26 Juli 2002 an dem 26 Juli 2006 gebuer goufs, kanns
du um Jamboree deel huelen. Et si keng Ausname méiglech wat des Datumer ugeet.

Als Chefs de patrouille: D’Chef / Cheftainen de Patrouille si responsabel vir déi jonk
Participanten aus hirer Patrull. Si musse mindestens 18 Joer am Ufank vum Jamboree
hunn. Zousätzlech gëtt staark recommandéiert dat dësen Englesch schwätze kann.

Als IST – International service team: Wann s du iwwer 18 Joer all bass (am Ufank vum
Jamboree) gëtt et och d’Méiglechkeet als Volontaire an der internationaler Service
Ekipp täteg ze ginn. Domadder hues de d’Méiglechkeet un engem exklusive Programm
vun Aktivitéiten deelzehuelen, Polen ze entdecken an nei Frënn aus ganz Europa ze
14
treffen. D’international Service Ekipp droen en groussen Deel zum Succès vum Jambo-
ree bei an maachen dësen iwwerhaapt mol méiglech. Als Member vun esou enger E-
kipp muss du prett sinn all méiglech Tâchen am Kontext vum Camp ze erleedegen.

Prais: 850-1000€

Newsletter 1 (op lëtzebuergesch):


https://gallery.mailchimp.com/8855137228b0b5b0cd6e1acfc/files/1dd286ef-
9286-47ac-a133-85ee0e351c58/Newsletter1_LU_EJ2020LU.pdf

Newsletter 1 (en français):


https://gallery.mailchimp.com/8855137228b0b5b0cd6e1acfc/files/f9b4ee1d-c0a7-
418e-b37c-99778e3c5af6/Newsletter1_FR_EJ2020LU.pdf

 Déi nächst EDitioun kënnt


mëtt Juni

15